WAT ASS DE PLOOSCHTER PROJET?

De Plooschter Projet mécht reegelméisseg Sensibiliséierungs- a Registréierungsaktioune fir méi Leit iwwer Bluttkriibs opzeklären a si dozou ze beweegen, sech als Stammzellespender ze registréieren.

2018 an 2022 huet de Plooschter Projet d‘Sensibiliséierungscampagnë „Gitt Stammzellespender – rett e Liewen“ an „De Kampf géint Leukemie ass en Ekippesport“ lancéiert. Des Campagnen informéieren de lëtzebuergesche Public iwwer d’Stammzellespend.

Säit der Grënnung vum Plooschter Projet 2014 hunn sech iwwer 9‘000 Leit op enger vun eisen Aktiounen als Spender registréiert. Mindestens 15 vun hinnen hunn och Stammzelle gespent an domat engem Patient d‘Chance op en neit Liewe ginn. An der Moyenne mécht de Plooschter Projet ongeféier 25 Aktiounen am Joer. D’Aktivitéit vum Plooschter Projet huet d’Unzuel vun de registréierte Spender zu Lëtzebuerg drastesch erhéicht.

All d’Infirmièrë vum Plooschter Projet sinn diploméiert an entweeder berufflech aktiv oder am „Registre des professions de santé“ vum Gesondheetsministère deklaréiert. D’Ekipp vum Plooschter Projet besteet aus iwwer 60 Benevollen.

Wann der eng Aktioun an ärer Entreprise, op ärem Event oder an ärem Lycée mat eis duerchféieren wëllt, maacht eng Mail op info@plooschterprojet.lu.

De Plooschter Projet ass frou, mat follgende Partner zesummenzeschaffen: Stefan Morsch Stiftung / Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte / Ministère de la Santé, Luxembourg / LIH – Luxembourg Institute of Health / Bionext Lab / Picken doheem / Télévie / Foyer Assurances & Agence Charpantier / Skin / Mameranus / Fondation André Losch

Méi Infoen hei: www.plooschterprojet.com

Brochure

Centre de promesses 2023

MAACHT EN DON

Gitt der Hoffnung ENG CHANCE

Aller au contenu principal