D’Gemeng Helperknapp freet sech Iech matzedeelen datt si den 22. Abrëll 2023 ee vun den Télévie Zenteren wäert sinn, an zwar den eenzegen an der ganzer Regioun.

Schreift Iech dësen Dag elo scho grouss an äre Kalenner well den Télévie ka just ee Succès gi wa mir op är Ënnerstëtzung ziele kënnen, am Interessi vun der Kriibsfuerschung zu Lëtzebuerg.

Falls Dir op iergendeng Aart a Weis den Télévie ënnerstëtzen wëllt oder weiderhin informéiert wëllt ginn, mëllt Iech um televie@helperknapp.lu un oder bleift iwwert de Facebook @TelevieHelperknapp um lafenden.

Fannt hei d’Broschür vum Télévie Zenter Helperknapp

Gitt der Hoffnung eng Chance a maacht elo schonn ären Don:

BCEELULL LU63 0019 7255 1111 5000

L’administration communale Helperknapp est heureuse de vous annoncer qu’elle sera l’un des « Centres de Promesses du Télévie », le 22 avril 2023 ! Nous serons le seul centre de la région.

Bloquez-vous déjà la date dans vos calendriers car le Télévie ne peut être un succès qu’avec votre soutient. Engageons-nous pour la bonne cause dans le but de collecter des fonds dédiés entièrement à la recherche contre le cancer.

Si vous souhaitez contribuer de quelque manière que ce soit, ou simplement rester informer, inscrivez-vous via televie@helperknapp.lu ou suivez nous sur Facebook @TelevieHelperknapp.

Veuillez trouver ici la brochure du centre de promesses Helperknapp. 

Gitt der Hoffnung eng Chance a maacht elo schonn ären Don:

BCEELULL LU63 0019 7255 1111 5000

#TelevieHelperknapp #gittderHoffnungengChance

Firwat sollt Dir den Télévie ënnerstëtzen?

Bei eis am Land sinn et nämlech järlech méi ewéi 3.000 Erwuessener a Kanner, déi mat der Diagnose Kriibs konfrontéiert ginn. Eng Persoun vun 4 stierft u Kriibs. Kriibs kann am Laf vum Liewe jiddereen treffen. Déi meescht Patiente kënnen duerch en chirurgeschen Agrëff geheelt ginn, mee et bleift awer leider nach e groussen Deel bei deenen dat net duergeet an d’Krankheet muss mat Bestralungen, Chemotherapie, Hormontherapie oder aner méi geziilte Methode behandelt ginn.

Och wann d’Fuerschung hei zu Lëtzebuerg an och am Ausland an deene leschte Joere vill Fortschrëtter gemaach huet, stierwen nach ëmmer ze vill Leit u Kriibs. All Dag verléiere vill Familljen hei zu Lëtzebuerg eng Persoun duerch Kriibs, well d’Mecanismë vun där Krankheet nach net erfuerscht sinn. Fir de Kriibs nach besser kennen ze bekämpfen, muss d’Fuerschung aktiv vu jidderengem ënnerstëtzt ginn.

De Sënn an Zweck vum Télévie ass et fir d’Recherche géint de Kriibs a speziell d’Leukemie bei de Kanner virun ze bréngen. Dofir ass den Télévie 1989 an der Belsch lancéiert gi vum Fonds National de la Recherche Scientifique. Am Joer 2002 huet och Lëtzebuerg sech där grousser Aktioun ugeschloss an zanterhier hu Joer fir Joer dausende vu Leit ewéi Dir sech fir den Télévie engagéiert. Säit dem Joer 2002 bis 2022 inclus konnten hei zu Lëtzebuerg iwwer 27 Milliounen Euro an d’Kriibsfuerschung investéiert ginn.

E fantastesche Montant, deen nëmmen duerch Iech konnt zesummekommen, ob et duerch eng Manifestatioun, e Gebuertsdag, en Don war – dofir e ganz grousse MERCI.

D’Aktioun Télévie lieft duerch Ären onermiddlechen Asaz, an dofir si mir och fir d’ Editioun 2022 – 2023 op Iech ugewisen!

Zesumme géint de Kriibs! Merci

 

D’Leukämie

Wat ass eng Leukämie?

D’Leukämieë si Kriibserkrankungen vum Muerch vun de Schanken, wou normalerweis d’Bluttkiirpercher produzéiert ginn.

Wat geschitt wann e Patient eng Leukämie huet?

Bei enger Leukämie gëtt d’Muerch vun de Schanken vun enger grousser Quantitéit vu Leukämieszellen erstéckt, déi vum Kiirper produzéiert an dann an d’Blutt eriwwer ginn. D’Muerch ka keng normal Bluttzelle méi produzéieren. Wann net genuch wäiss Bluttkierpercher am Kierper sinn, riskéiert de Patient schwéier Infektiounen ze kréien, bei ze wéineg roude Bluttkierpercher besteet de Risiko vun enger Anémie, an e Manktem u Bluttplaquettë kann déidlech Bluddungen ervirruffen.

Wat sinn d’Ursaachen vun enger Leukämie?

Ganz dacks fënnt een d’Ursaache vun enger Leukämie net eraus. A verschiddene Fäll kënnen Anomalien detectéiert ginn déi genetesch Ursaachen hunn , duerch e Virus provozéiert goufen oder awer wann d’Persoun mat verschiddene chemesche Substanzen, respektiv Strahlen a Kontakt war.
Den Télévie sol de Fuerscher an den Dokteren et erméigleche fir d’Ursaache an d’Mechanisme vun de Leukämien erauszefannen an iwwert dee Wee d’Traitementer ze verbesseren.

Publikatioun vun de 14 Projeten

D’Lëscht vun de 14 Projeten déi mat Ärer Ënnerstëtzung finanzéiert ginn.

Mat der Ënnerstëtzung vun de Centres de Promesses aus dem Joer 2021-2022 an der Generositéit vun der Populatioun konnten 2.060.211 Euro gesammelt ginn. Hei Publikatioun vun de 14 Projeten déi zeréck behale goufen, esou kann Recherche hei zu Lëtzebuerg duerch d’Ënnerstëtzung vum Télévie, also duerch Är Spenden,  weider goen.

 

Projet de recherche 1: Déchiffrer l’exposome chimique grâce à l’analyse de cheveux pour comprendre le rôle des expositions comme déterminants évitables du cancer
Promoteur[s] et Promotrice[s]: APPENZELLER Brice
Univ.: LIH

Projet de recherche 2: Le ratio ATP1A1/BCL2L1 mesure la sensibilité des AML monocytaires et myelomonocytaires: repositionnement des glycosides cardiaques seuls et combinés au venetoclax et agents déméthylants The ratio ATP1A1
Promoteur[s] et Promotrice[s]: DIEDERICH Marc – CERELLA Claudia
Univ.: LBMCC

Projet de recherche 3: Métabolisme des sphingolipides des AML: Ciblage de la sphingosine kinase 1 par l’inhibiteur d’HDAC MC2726 combiné à l’inhibiteur de CDK9 dinaciclib
Promoteur[s] et Promotrice[s]: DIEDERICH Marc – MORCEAU Franck
Univ.: LBMCC

Projet de recherche 4: Imagerie pseudo TEP de l’hypoxie des tumeurs cérébrales
Promoteur[s] et Promotrice[s]: KEUNEN Olivier NICLOU Simone
Univ.: LIH

Projet de recherche 5: Changements épigénétiques induit par Fusobacterium nucleatum dans le cancer colorectal
Promoteur[s] et Promotrice[s]: LETELLIER Elisabeth – SINKKONEN Lasse – WILMES Paul
Univ.: UNIV. LUX.

Projet de recherche 6: Développement de nouveaux outils et thérapies pour la Leucémie Lymphoïde Chronique (LLC)
Promoteur[s] et Promotrice[s]: MOUSSAY Etienne – PAGGETTI Jérôme
Univ.: LIH

Projet de recherche 7: Des organoïdes tumoraux immunocompétents pour améliorer les stratégies immunothérapeutiques contre le GBM
Promoteur[s] et Promotrice[s]: NICLOU Simone
Univ.: LIH

Projet de recherche 8: Impact de la régulation épitranscriptomique sur la réponse au traitement pharmacologique dans les gliomes
Promoteur[s] et Promotrice[s]: NICLOU Simone – FRITAH Sabrina
Univ.: LIH

Projet de recherche 9: Les lymphocytes T cytotoxiques CD4+ comme nouvel outil immunothérapeutique dans la Leucémie Lymphoide Chronique (LLC) et autres hémopathies malignes des cellules B.
Promoteur[s] et Promotrice[s]: PAGGETTI Jérôme – MOUSSAY Etienne
Univ.: LIH

Projet de recherche 10: Régulation de la croissance du glioblastome et du microenvironnement tumoral par les récepteurs ACKR3 et CXCR4
Promoteur[s] et Promotrice[s]: ROGISTER Bernard – CHEVIGNÉ Andy- SZPAKOWSKA – Martyna NEIRINCKX Virginie
Univ.: ULiège / LIH

Projet de recherche 11: Criblage d’inhibiteurs de l’échappement tumoral à la surveillance immunitaire induit par remodelage du cytosquelette d’actine
Promoteur[s] et Promotrice[s]: THOMAS Clément
Univ.: LIH

Projet de recherche 12: Voies génétiques de l’échappement tumoral à la surveillance immunitaire dépendant du remodelage du cytosquelette d’actine
Promoteur[s] et Promotrice[s]: THOMAS Clément
Univ.: LIH

Projet de recherche 13: RDM1, facteur de la réparation de l’ADN et nouvel acteur dans la réponse immunitaire innée orchestrée dans l’endosome par TLR3: implications pour l’immunité anti-tumorale et le traitement du cancer
Promoteur[s] et Promotrice[s]: VAN DYCK Eric
Univ.: LIH

Projet de recherche 14: Rôles du lecteur épigénétique de la méthylation de l’ADN MBD1 dans les gliomes portant la mutation IDH1
Promoteur[s] et Promotrice[s]: VAN DYCK Eric – FRITAH Sabrina
Univ.: LIH

(LIH = Luxembourg Institut of Health)

Brochure

Centre de promesses 2023

MAACHT EN DON

Gitt der Hoffnung ENG CHANCE

Aller au contenu principal