Léif BiergerInnen (vun) aus der Gemeng Helperknapp,

Dëst Joer ass eent vun deene Jore wou kee vun eis esou séier wäert vergiessen! No deene schreckleche Biller aus Australien, hu lues a lues sech ëmmer méi Aen op China geriicht. Ween vun ons hätten sech virstelle kënnen, datt mir déi Situatioun hei och mat erliewen ?

Mat ganz ville Froen, an enger genereller Onsécherheet, hu mir et zesumme gepackt fir dat déi éischt Well zu Lëtzebuerg vill manner schlëmm ausgefall ass, wéi bei verschiddene vun eisen europäesche Frënn. Och wann déi aktuell Well nach méi schlëmm ass, sou bléift et immens wichteg dat mir all zesummen hale fir eis vulnerabel Familljememberen, Frënn a Friemer ze schützen. Ech kann iech zu all ären Efforten déi dir an dësem Sënn maacht, nëmme felicitéieren.

Dës sanitär Kris an der mir eis aktuell befanne bréngt niewent psychologesche Wuelbefannen och nach eng Rei aner Problemer mat sech. Um Plang vum Entreprenariat ass et net einfach a sëllege Betriber si schonns an enger prekärer Situatioun oder fäerte fir hier existenziell Zukunft.

Als Gemeng ass et eis wichteg all eis Bierger ze schützen an z’ënnerstëtzen. An dësem Sënn wëlle mir zousätzlech den Déngschtleeschtungen déi mir bis elo op Been gesat hunn, eis Commercen ënnerstëtzen, fir dat si weiderhin hir Servicer an der Gemeng ubidde kënnen.

 

Léif BiergerInnen, mat dëser Broschüre wëlle mir iech een dem anere méi no bréngen an de Kontakt tëschen iech erstellen, fir dat mir nohalteg an zesummen
duerch dës Zäite ginn. Op den nächste Säite kenn dir ons Commercen a Betriber entdecken a bestëmmt ass fir jidderee vun iech eppes dobäi.

An Zukunft wëlle mir iech dann och weiderhi reegelméisseg iwwert all ons Commercen a Servicer informéieren, fir dat ons Gemeng als Gemeinschaft, zesummen a gestäerkt aus dëser Kris no vir geet.

Fir de Gemengerot

Äre Buergermeeschter

Aller au contenu principal