Audition an der Natur
Schüler aus der Museksschoul Gemeng Helperknapp spillen op 4 Plazen zu Béiwen am Bësch. (An der Baakescht)
D’Elteren an all d’Museksfrënn kennen op engem flotten Tour vun 3 km de Schüler hiert Kënnen an der Natur genéissen.
Et spillen a s sangen: Saxophonen, Klarinetten, Fluten, Trompetten, den Eveil musical an eist Jugendorchester
No dëser Natur-Auditioun gëtt et e gudde Patt ze drénken.
Kommt an ënnerstëtzt eis Schüler!
Bei schlechtem Wieder fënnt d’Auditioun um Campus Helperknapp (Theatersall) statt.