Assemblée Générale – Bricher Suebelmouken

INVITATIOUN

De Club de Jeunes „Bricher Suebelmouken asbl“ invitéiert Iech ganz häerzlech op seng Generalversammlung.

Hei e puer wichteg Informatiounen zu dëser Versammlung:

Datum: Samschdes, den 29. Januar 2022

Wou: an der Koll zu Brouch

Wéini: um 17h30

Wichteg: Eis Generalversammlung leeft ënner 2G+. Zousätzlech hu mir decidéiert, dass jiddereen ee Schnelltest sur place maachen muss. Déi Tester gi vun eis zur Verfügung gestallt.

Programm:

  • • Kuerz Usprooch vum Präsident
  • Aktivitéitsrapport vum Sekretär vun 2021 a Programm fir 2022
  • Keesserapport vum Keessier
  • Entlaaschtung vum Keessier duerch d’Keesserevisoren
  • Festleeë vun de Cotisatioune fir d’Memberskaarten 2022
  • Neiwahl vun de Keesserevisoren
  • Opléisung an Neiwahl vum Comité
  • Verschiddenes
  • fräi Aussprooch
  • Ausdeele vun de Memberskaarten 2022

Iessen: No der Generalversammlung hu mir dann eist traditionellt Ofschlossiesse beim „Bausch“ zu Brouch.

D’Umeldunge kënnt dir bis spéitstens Freides, den 21. Januar 2022 an d’Boîte vun de Suebelmouken beim Pompjeesbau zu Brouch ageheien oder schécken.
(Adress: 10B, rue du Village L-7416 Brouch/Mersch)

Date

29 janvier 2022
Expiré!

Heure

17:30 - 21:00

Lieu

Veräinsbau an der Koll | Brouch
An der Koll, Brouch

Veräinsbau an der Koll

Club des jeunes Brouch (Bricher Suebelmouken asbl)

Organisateur

Club des jeunes Brouch (Bricher Suebelmouken asbl)
Email
cdjbrouch@gmail.com
Site Web
https://www.facebook.com/cdjbrouch/

Club des jeunes Brouch (Bricher Suebelmouken asbl)

QR Code
Aller au contenu principal