Information archivée
Date de publication: 22 mars, 2022

Wëllplanzesom vum SICONA

22 Mar 2022 | Archive

LUX-Mëschungen – Geseemsmëschunge mat heemesche Wëllplanzen aus regionalem Ubau

 Fir d’Biodiversitéit ze ënnerstëtzen ass eng qualitativ héichwäerteg Geseemsmëschung mat Wëllplanzen aus eiser Regioun gëeegent. D‘Naturschutzsyndikat SICONA an den Naturmusée schaffe zanter e puer Joer zesumme mat weidere Partner um Opbau vun enger Lëtzebuerger Someproduktioun vu Wëllplanzen. D’Zil ass fir mat Hëllef vu Lëtzebuerger Bauere Som vun heemesche Wëllplanzenaarten ze produzéieren.

Gemengen a Privatleit, déi eng Blummewiss op ëffentleche Gréngflächen oder doheem am Gaart uleeë wëllen, recommandéiere mir d’LUX-Mëschunge vun der Firma Rieger-Hofmann. Dës Mëschungen enthalen nëmmen Aarten, déi zu Lëtzebuerg natierlech virkommen a wichteg Fudderplanze fir eis heemesch Päiperleken an aner Insekte sinn. 

Wou kann ee LUX-Mëschunge kafen? 

Fir kleng Flächen vun 25–50 m2 kennen 100 g Tuten vun den dräi Mëschungen LUX-Blumenwiese, LUX-Schotterrasen a LUX-Bunter Saum & Schmetterlingspflanzen bei folgende Partner an Ärer Ëmgéigend  kaft ginn:

  • Diddeleng, Fondation Kräizbierg
  • Käerch, Krautgaart
  • Kockelscheier, Haus vun der Natur
  • Lëtzebuerg, Ëmweltberodung Lëtzebuerg
  • Lëtzebuerg, Oekozenter Pafendall
  • Lëtzebuerg, Shop vum ‘natur musée’
  • Ollem, Naturschutzsyndikat SICONA
  • Réiden op der Atert, Op der Schock

Weider Verkafsplazen a vill zousätzlech Informatioune zum „Wëllplanzesom Lëtzebuerg” fannt Dir op www.sicona.lu/projekte/saatgut.

Weider Verkafsplazen a vill zousätzlech Informatioune zum „Wëllplanzesom Lëtzebuerg” fannt Dir op www.sicona.lu/projekte/saatgut.

All d’LUX-Mëschunge kënnen och a gréissere Quantitéiten am Web-Shop vun der Firma Rieger-Hofmann ënnert „Mischungen für Luxemburg“ bestallt ginn: www.rieger-hofmann.de.

Eng Blummewiss, déi mat der Mëschung LUX-Blumenwiese ugeséint ginn ass.

E Feld op dem d’Pecheg Liichtblumm (Lychnis viscaria) am Kader vum Projet „Wëllplanzesom Lëtzebuerg” ugebaut gëtt fir d’Geseems ze recoltéieren. D’Geseems gëtt duerno an d’LUX-Mëschungen ageschafft.

 

 

 

 

 

 

 

D’Geseemsmëschunge: LUX-Blumenwiese, LUX-Schotterrasen a LUX-Bunter Saum & Schmetterlingspflanzen.

D’Geseemsmëschunge: LUX-Blumenwiese, LUX-Schotterrasen a LUX-Bunter Saum & Schmetterlingspflanzen.

Share to: [social_warfare]

Des articles de la même catégorie

AVIS RGTR Vëlosummer Ansembourg-Hollenfels 25.07-26.07.26

AVIS RGTR Vëlosummer Ansembourg-Hollenfels 25.07-26.07.26

AVIS Perturbation 2026/596 du 30.06.2026 Objet: Lignes 931 et 932 En raison de l’organisation de l’initiative «Vëlosummer», le C.R.105 entre Reckange (Mersch) et Ansembourg et le CR113 entre Hollenfels et Kuelbecherhaff seront barrés à toute circulation du samedi 25...

lire plus
AVIS RGTR Vëlosummer Tuntange-Brouch 25.07-26.07.26

AVIS RGTR Vëlosummer Tuntange-Brouch 25.07-26.07.26

AVIS Perturbation 2026/597 du 30.06.2026 Objet: Ligne 941 Ettelbruck - Boevange - Hollenfels En raison de l’organisation de l’initiative «Vëlosummer», le C.R.112 entre Tuntange et Brouch sera barrée à toute circulation du samedi 25 juillet 2026 au dimanche 26 juillet...

lire plus
Aller au contenu principal