Information archivée
Date de publication: 17 mars, 2020

Verhaalenskodex

17 Mar 2020 | Archive

Panik hëlleft kengem, ignoréieren awer och net.​

Ech verstinn dass:

  • de COVID-19 geféierlech ass,
  • d’Infektiounskurve méiglechst flaach muss gehale ginn fir eisem Gesondheetssystem genuch Zäit ze ginn fir all Infizéiert ze versuergen an ze heelen,
  • d’Infektiounsrate ennert 1 muss falen fir d’Pandemie ze stoppen,
  • ech kann Träger vum Virus sinn ouni Symptomer ze hunn an ouni, dass den Virus bei mir ausbrécht,
  • eng sozial Isolatioun déi effizientst Moossnam ass fir eng Pandemie anzedämmen,
  • d’Infektiounsrate am beschten ze senken ass, andeems ech Kontakter vermeiden och wann ech mech gutt fillen an keng Symptomer hunn an kenger Risikogruppe ugehéieren,

Dofir wäert ech bis d’Pandemie oofgeklongen ass:

  • Kontakter zu Leit ausserhalb vun mengem direkten Haushalt ob een Minimum reduzéieren,
  • Kontakter zu Risikogruppen (Häerzkranker, Longekrankheet, Diabetiker, Kriibserkrankung, krank Leit, an Matmënschen iwwert 65 Joer ) komplett physesch meiden fir se ze schützen,
  • U kengen Manifestatiounen an onnéidegen Versammlungen deelhuelen,
  • Meetingen per Telefon, Mail oder Videochat ofhalen,
  • Bei onëmgänglechen Zesummekommen een Sécherheetsofstand vun minimal 2 Meter anhalen,
  • Kierperkontakt evitéieren, a reegelméisseg meng Hänn wäschen, speziell no Kontakt mat ëffentlechen Géigestänn,
  • Reegelméisseg mäin Handy an Telefon botzen an net einfach deelen,
  • Mat Opklärung vis à vis vun mengen Matbierger dozou bäizedroen, dass den Probleem verstanen gëtt an erklären, dass keen Grond besteet an Panik ze verfalen. Dobäi wäert ech empathesch an respektvoll mat mengen Matmënschen hiren Aengscht an Erfarungen ëmgoen,
  • Keng ongepréiften Neiegkeeten oder Rumeuren verbreeden déi zu Panik kennen féieren,
  • Mengen Noperen oder soss Risikogruppen hëllefen wann se meng Hëllef brauchen mat der néideger Distanz fir si net ze gefährten,
  • Op « Hamsterkeef » verzichten an op eist gutt Waasser aus der Gemeng Helperknapp zréckgräifen,
  • d’Fangere richteg a mat Seef wäschen sou wéi op der Affiche hei ënnendrënner am Link.

Mat dësen perséinlechen Aschränkungen iwwerhuelen ech meng perséinlech Verantwortung an droen dozou bei:​

  • den Risiko selwer Träger an Verbreeder vum Virus ze sinn ze miniméieren,
  • d’Verbreedung vum Virus anzeschränken,
  • méiglechst wéineg Leit unzestiechen,
  • de Gesondheetssystem an d’Spideeler ze entlaaschten

Hygiene mains – FR

Hygiene mains – DE

Verhaalenskodex

Share to: [social_warfare]

Des articles de la même catégorie

Aller au contenu principal