Information archivée
Date de publication: 15 July, 2021

Iwwerschwemmungen an der Gemeng Helperknapp

15 Jul 2021 | Archive

Als alleréischt ee ganz grousse #Merci un eise Service Technique, de Centre d’Incendie et de Secours vu Béiwen, de Centre d’Incendie et de Secours vun Téinten an de CGDIS – Corps grand-ducal d’incendie et de secours déi sech onermiddlech agesat hu säit gëschter Owend fir eventuell Schied duerch enner anerem #Iwwerschwemmungen bei eis an eise Matbierger op ee Minimum ze beschränken 👏

Ee ganz grousse Merci awer och un déi sëllegen Awunner déi sech fräiwëlleg agesat hu fir an hierer Noperschaft an awer och op anere Plazen anzesetzen. Ären Asaz an är #Solidaritéit éiert iech 👏

  • Falls dir an enger direkter Geforesituatioun sidd oder der Iwwerschwemmung net meeschter gidd, rufft op den 112 oder 113 un
  • Falls dir doheem Hëllef braucht fir eventuell Material aus dem Keller ze huele fir op de Sperrmüll (wat duerch d’Iwwerschwemmung veruersaacht gouf), setzt iech mat eis op der Gemeng a Verbindung – mir probéieren eis mat eiser Ekipp an den nächste Stonnen an Deeg esou opzestellen an z’organiséieren fir jidderengem esou gutt wéi méiglech ennert d’Äerm ze gräifen an dëser dach spezieller Zäit (28 80 40 – 1)

Mir hunn den Owend een Tour vun der Gemeng gemaach fir Schwaachpunkten z’identifizéieren an der Hoffnung kuerzfristeg Léisungen ze fannen déi mir dem Gemengerot ennerbreeden, an der Hoffnung se dann och schnell emzesetzen.

Share to: [social_warfare]

Des articles de la même catégorie

Mise à jour – Coupure d’eau – Fuite à Brouch

Mise à jour – Coupure d’eau – Fuite à Brouch

Le service technique communal informe que la distribution d'eau a été rétablie dans la localité de Brouch entre la rue Maandelbach et les alentours de la maison situé au 20,route d'Arlon et qui la fuite a été réparée Veuillez excuser ce désagrément L'administration...

read more
Coupure d’eau – Fuite à Brouch

Coupure d’eau – Fuite à Brouch

Le service technique communal informe que la distribution d'eau a du être coupée dans la localité de Brouch entre la rue Maandelbach et les alentours de la maison situé au 20,route d'Arlon suite à une fuite importante dans le réseau de distribution d'eau potable....

read more
Skip to content