Ee Méinden den Owend, den 8 Januar 2024, hunn d‘Gemengevertrieder vum SIDEC een neie politesche Büro gewielt. Mat dem Christiane Eicher-Karier aus der Gemeng Helperknapp huet den SIDEC eng nei Presidentin. Hir zur Säit stinn als éischte Vizepresident de Fernand Müller aus dem Préizerdaul an als zweete Vizepresident den Arny Jakobs vu Bauschelt. Weider Memberen am Bureau sinn de Lucien Brosius vu Fëschbech, de Marc Keilen vu Géisdref, den Daniel Marques vu Miersch an de Stefano D’Agostino vu Mäerzeg. – communiqué de presse a Foto vum SIDEC
Op dëser Plaz felicitéiert d’Gemeng Helperknapp d’Christiane Eicher-Karier och nach eemol ganz häerzlech fir hier Nominatioun aus Presidentin. Mir si stolz e Member aus eisem Gemengerot op dësem Posten ze wëssen a wënschen him vill Succès an dëser neier Funktioun.