Konferenz iwwer d’Sécherheet am Alldag

D’Gemeng Helperknapp an Zesummenaarbecht mat der Kommissioun vum drëtten Alter a GERO- Kompetenzzenter fir den Alter invitéiert Iech häerzlech op eng

Konferenz zum Thema Sécherheet am Alldag

Mëttwochs, de 4 Februar 2026 um 17:00 Auer am Veräinsbau “an der Koll” zu Bruch

D’Konferenz gëtt op Lëtzebuergesch gehalen

Intervenant: D’Senioresécherheetsberoder*innen vu GERO klären Iech wärend dëser Konferenz iwwer déi aktuell Aarte vu Bedruch a Gefore fir Seniorinnen op. Am Mëttelpunkt sti ë. a. Trickdéifstall an aner Bedruchsmaschen un der Hausdier, z. B. wann sech Persounen als Polizist*innen oder Handwierker ausginn. Och de sougenannten „Enkeltrick“ an d’Schockuriffer ginn thematiséiert.

D’Zil vun der Veranstaltung ass et, op méiglech Geforesituatiounen opmierksam ze maachen, Präventivmoossnam virzestellen an d’Handlungssécherheet am Alldag ze stäerken..

  • D’Versammlung fënnt op Lëtzebuergesch statt.
  • D’Senioresécherheetsberoder*innen vu GERO wäerten zur Verfügung stoe fir Är Froen ze beäntweren.
  • Ouni Umeldung.
  • No der Presentatioun offréiert d’Gemeng en Éierewäin.

Date

04 février 2026

Heure

17:00 - 19:00

Lieu

Veräinsbau an der Koll | Brouch
Veräinsbau an der Koll | Brouch - An der Koll, Brouch

Veräinsbau an der Koll

Catégorie

Organisateur

Commission du 3e âge
QR Code
Aller au contenu principal