Assemblée Générale – Theaterfrënn Téinten
INVITATIOUN ASSEMBLÉE GÉNÉRALE
Theaterfrënn Téinten a.s.b.l. invitéieren Iech op hir “Assemblée Générale Ordinaire 2021“ den Dënschden, 15. Juni 2021 um 19:30 Auer an der Koll, dëst am Respekt vun de sanitäre Moossnamen.
Ordre du jour:
- Begréissung vun der Präsidentin
- Bilan iwwer ons Aktivitéiten 2020/2021
- Aktivitéiten 2021/2022
- Keessebericht
- Rapport vun de Keessepréifer
- Erneierung vun de Mandater vun de Keessepréifer
- Neiwal vum Comité
- Memberskaarten 2021/2022
- Éierung vu laangjäregen Memberen
- Verschiddenes
Austrieden an erëm wielbar Comitésmemberen: BACH Conny; BRITZ Sandra, DELFINO Chiara; ESPEN Pierre, MORTH Sandra; NICOLAY Philippe, VOSMAN Luca, VOSMAN-KIEFER Diane
D’Theaterfrënn Téinten sichen nach motivéiert an engagéiert Comitésmemberen. Wee Loscht huet dem Comité bäizetrieden, soll sech iwwer E-Mail (tententh@pt.lu) oder um GSM: 621 293 467
mellen. Merci am viraus.
Wéinst de sanitären Moossnamen muss jiddereen deen un der AG wëllt deelhuelen sech per Mail tententh@pt.lu umellen. Op Demande probéieren mir Iech awer och online bäizeschalten.