6 Stonnen Vëlo-Course

Dëst Joer hëlleft BIDIDU beim Télévie!!

22/04/23 zu Béiwen/Atert am Centre Letschert

Dir wëllt dësen Dag eppes Guddes maachen, an zwar am duebele Sënn? Sport maachen an dobäi Suen sammelen fir den Télévie!!

Mir organiséieren eng 6 Stonnen Vëlo-Course, hei steht de Spaass am Virdergronn.

Pro gefuere Ronn, fëllt sech den Télévie Konto duerch eis verschidden Sponsoren déi mer mat u Bord bruecht hunn……

Et kann als Eenzelfuerer, wei och als Team vun 2-8 Biker gefuer ginn.

D’Streck geet iwwert eng Längt vun 2,2Km iwwert Bëschweeër ( Mix Singletrails/breed Weeër ) an ass fir all Biker vun 10-99 Joer fuerbar.

Et ass Iech fräi iwwerlooss mat waat fir engem Vëlo dir fuere wëllt, ob Eerad, Citybike, Laafrad, Crosser, Mountainbike,  Fatbike, Coursevëlo, Klapprad oder Trottinette….. jo mir drecken seguer bei Pedelecs an E-Bikes en Aan zou!

De Start ass um 10:00 virum Pompjeesbau zu Béiwen.

Ab elo sinn 6 Stonnen Spaass ugesoot, et gëtt gestrampelt an souvill Ronnen wéi méiglech gesammelt.

Mir wieren awer nët BIDIDU wa mer Iech einfach sou gengen Ronnen dreine loossen.

Ennerwee kann et mol sinn datt der verschidden Aufgaben leise musst, sou kënnt der iech Bonusronnen erspillen.

D’Gewënner an all Categorie gewannen natierlech eppes!! Mee mir kreinen awer och de flottsde Vëlo a Verkleedung.

Mir froen kee Startgeld, mir wieren awer frou wann der beim Start eppes an eis Spendekëscht geheit.

Umeldungen online iwwert www.bididu.lu oder

Fir kuerzentschlossener, kënnt der iech awer och den Dag selwer nach virun 10:00 bei eis umellen.

Date

22 avril 2023
Expiré!

Heure

10:00 - 16:00

Lieu

Centre Culturel Lëtschert | Boevange-Attert
CCS Lëtschert, Boevange-Attert

CCS Lëtschert, Boevange-Attert

Bididu Team Lëtzebuerg

Organisateur

Bididu Team Lëtzebuerg
Email
bididuteam@hotmail.com
Site Web
http://www.bididu.lu/
QR Code
Aller au contenu principal