MACHT MAT: E Bam an d’Gewan

4 Sep 2026

De Projet ass gratis fir all Participant. D’Fondatioun begleet Är Iddi vum éischte Rendez-vous bis zur fäerdeger Planzung.

Esou geet et

  •  Interessi mellen. Kontaktéiert eis mat Ärer Iddi fir een oder méi Beem.
  • Rendez-vous op der Plaz. Mir kucken zesumme mat Iech, wat Är Virstellunge sinn a wéi d’Planzung lokal am beschte kann ëmgesat ginn.
  • Mir këmmere eis ëm de Rescht.

Déi eenzeg Bedingung: D’Planzfläch muss ausserhalb vum Bauperimeter leien.

Mellt Iech bis de 15. Oktober 2026 un:

Tel. +352 29 04 04 323 | +352 29 04 04 1

E-mail : bam@hellefnatur.lu

Firwat Beem an der Gewan wichteg sinn

• Liewensraum a Vernetzung
Solitärbeem a Bamreie stelle fir eng ganz Rei Déiere wichteg Liewensraim duer. Si déngen als
Trëttsteng a Korridoren an hëllefen esou ville Liewewiesen, méi grouss Distanzen ze iwwerbrécken.
An eiser moderner Agrarlandschaft feelt et dacks un dësen Trëttsteng a Korridoren. Doduerch kann
den Austausch tëschent verschiddene Populatioune verhënnert ginn – am schlëmmste Fall bis hin
zum Verschwannen eenzelner Aarten.
• Virdeeler fir d’Landwirtschaft
Beem maache Schiet, vun deem virun allem d’Déiere profitéieren. Si fille sech méi wuel a kënne méi
produktiv sinn. Bei extreemer Hëtzt kann d’Mëllechleeschtung ëm bis zu 3 Liter pro Dag erofgoen,
wann et de Béischten u Schiet an Ofkillung feelt. Och d’Fleeschproduktioun profitéiert vun engem
reduzéierten Hëtzestress.
• Buedemschutz a stabil Erträg
Solitärbeem a virun allem Bamreie verhënnere Buedemerosioun a bidde Wandschutz. De Buedem
dréchent manner séier aus – e Virdeel, deen an de méi dréchene Summere vun der Zukunft
ëmmer méi wichteg gëtt. Bamreien droen dozou bäi, d’Erträg besonnesch an extreme Joren ze
stabiliséieren.

Weider Informatiounen op follgendem Dokument: Projet: e Bam an d’Gewan

 

Des articles de la même catégorie

AVIS Perturbation RGTR à Brouch 03.09 & 04.09.2026

AVIS Perturbation RGTR à Brouch 03.09 & 04.09.2026

En raison de travaux routiers, la rue de Buschdorf à Brouch sera barrée à toute circulation du jeudi 3 septembre 2026 au vendredi 4 septembre 2026 inclus. Les mesures suivantes seront prises pendant la durée des travaux : Les courses d’autobus concernées en provenance...

lire plus
Avis au public – Chantier CR112 Brouch – 03.09 & 04.09.2026

Avis au public – Chantier CR112 Brouch – 03.09 & 04.09.2026

AVIS aux habitants de Brouch Dans le cadre des travaux de mise en place d'une nouvelle couche de roulement dans la rue de Buschdorf à Brouch, les dispositions suivantes sont prises : Le jeudi 03 septembre et le vendredi 04 septembre 2026 - toute la journée Une partie...

lire plus
Aller au contenu principal