Nei Versioun vun der City App HelperknAPP – Nouvelle Version de la City App HelperknAPP

8 Déc 2023

Déi nei Versioun vun der HelperknAPP ass elo verfügbar.

D’Applikatioun ass gratis a kann einfach am Apple Store an am Google Play Store fonnt ginn:

Wann Dir d’App scho benotzt, gitt Dir automatesch gefrot fir déi nei Versioun erofzelueden.

Wichteg! Dir musst Iech erëm op déi gewënschte Push Messagen abonnéieren an Är Adress uginn wann Dir den Offallkalenner benotze wëllt.

Wat huet sech geännert?

  • D’Applikatioun ass méi modern an ergonomesch.
  • D’Menuartikelen (Accueil, Profil, Notifikatiounen a Menü) sinn elo ënnen.
  • Dir kënnt e Profil erstellen an Är Abonnementer späicheren.
  • Op der Haaptsäit vun der Applikatioun fannt Dir ëmmer folgend Rubriquen: Neiegkeeten (Actualités), Eventkalenner (Agenda), Schäffen- a Gemengerot ( Politique), Offallkalenner (Déchets), Report-it an den Annuaire.

 

  • An “Actualités” fannt Dir Neiegkeeten aus der Gemeng Helperknapp.
  • An der Rubrik “Annuaire” fannt Dir d’Telefonsnummere  an E-Mailadresse vun der Gemengeverwaltung.
  • Den “Agenda” enthält all déi zukünfteg Evenementer an Ärer Gemeng, Dir kënnt se souguer direkt an Äre Kalenner späicheren an direkt dohinner navigéiert ginn!
  • An der Rubrik “Déchets” kënnt Dir Är Adress aginn an esou Äre perséinlechen Offallkalenner kucken.
  • Eng aner Funktioun ass “Report-it”, déi et de Bierger erlaabt e Problem am ëffentleche Raum ze mellen (Vandalismus, Schued u Stroossemiwwelen, asw.)
  • Wann et ëm Push Notifikatioune geet, kënnt Dir Iech op Beräicher abonéieren déi Iech wichteg sinn. Dir musst Är Adress ugi wann Dir den Offallkalenner benotze wëllt.
  • De Schäffen- a Gemengerot fannt Dir an der Rubrik “Politique”

Vill Spaass beim Benotzen vun der HelperknAPP .


Nouvelle Version de la City App HelperknAPP

La nouvelle version de la HelperknAPP est maintenant disponible.

L’application est gratuite et peut être téléchargée dans l’App Store et sur Google Play Store.

Si vous utilisez déjà l’application, vous serez automatiquement invité à télécharger la nouvelle version.

Important ! Vous devrez vous abonner à nouveau aux messages push souhaités et indiquer votre adresse si vous souhaitez utiliser le calendrier des déchets.

Qu’est-ce qui a changé?

  • L’application est plus moderne et ergonomique.
  • Les éléments du menu (accueil, mon profil, notifications et menu) se trouvent désormais en bas.
  • Vous pouvez créer un profil et enregistrer vos abonnements préférés.
  • Sur la page principale de l’application se trouvent toujours les actualités, le calendrier des manifestations (Agenda), le calendrier des déchets, le Report-it, la Vie Politique et l’Annuaire.

 

  • Dans Actualités, vous trouverez les actualités de la commune Helperknapp.
  • Dans la rubrique Annuaire vous trouverez les numéros de téléphone et adresses e-mail de l’administration communale.
  • Dans le calendrier des manifestations Agenda, vous pouvez exporter des événements directement dans votre calendrier et obtenir un itinéraire pour vous y rendre.
  • Dans la rubrique Déchets, vous pouvez indiquer votre adresse et afficher ainsi votre calendrier personnel des déchets.
  • Une autre fonction est Report-it, qui permet aux citoyens de signaler un dysfonctionnement dans l’espace public (déchets sauvages, vandalisme, dégradations du mobilier urbain,…)
  • En ce qui concerne les notifications push, vous pouvez vous abonner aux sujets qui sont importants et intéressants pour vous. Vous devrez indiquer votre adresse si vous souhaitez utiliser le calendrier des déchets.

Téléchargez la HelperknAPP et amusez-vous !

Des articles de la même catégorie

Nuit du Sport 2024: maach mat a probéier aus!

Nuit du Sport 2024: maach mat a probéier aus!

D’Gemeng Helperknapp, an Zesummenaarbecht mat der Sportskommissioun a verschiddene Veräiner aus der Gemeng, si frou, den 08.06.2024 um Site "an der Koll" zu Bruch d'Nuit du Sport 2024 ze organiséieren. Kommt a verbréngt e gudde sportleche Moment mat der Famill a...

lire plus
Aller au contenu principal