AKTIOUN „GIELT BAND“

22 Aug 2022

Ze gutt fir futti goen ze loossen, dofir: Zerwéiert Iech!

Aktioun „Gielt Band“ vum Landwirtschaftsministère an dem Syvicol

D’Uebst schmaacht am beschten, wann een et selwer gepléckt huet. Mee dat däerf ee just a sengem eegene Bongert. All Joer verfaulen awer kiloweis Äppel, Bieren, Quetschen etc. op an ënnert de Beem an de Wisen a Gäert. Dat si verbëtzte Liewensmëttel. Doraus kéint een och Viz pressen, Gebeess oder Kompott kachen, domat baken a nach villes méi.

Mat der Aktioun „Gielt Band“ ruffen de Landwirtschaftsministère an de Syvicol d’Biergerinnen an d’Bierger dozou op, sech op eng flott a nohalteg Manéier géint d’Liewensmëttelverschwendung ze engagéieren. D’Gemengen déi bei der Aktioun matmaachen, markéieren déi entspriechend Uebstbeem mat engem giele Band. Jiddereen dee well däerf da gratis, fir den eegene Gebrauch, Uebst vun deene Beem plécken an dat wat ënnendrënner leit rafen.

Ënnert follgendem Link fann dir d’Beem aus der Gemeng Helperknapp déi a fro kommen: http://g-o.lu/3/uEfL

  • Béiwen:
    • Vëlospist Richtung Biissen um Bëschrand, stinn e puer Äppelbeem.
  • Bëschdref: 2 Bongerte vum Paul Mangen:
    1. Strooss aus Bëschdref eraus a Richtung Useldeng, éischt Strooss lenks eran. Nom Haff an der Kéier sti Beem an engem Feld, nëmmen accessibel wann keng Kéi an der Wiss sinn.
    2. D’Strooss bis zum Schluss weider fueren. Do stinn och Beem an engem Feld.
  • Brouch:
    • hannert dem neie Campus Helperknapp: nëmmen ausserhalb vun de Schoulzäiten accessibel
  • Huelmes:
    • Bongert vun Natur an Ëmwelt zu Huelmes: Do sti vill verschidde Beem, vu villen Zorten.
    • Beem beim Kierfecht zu Huelmes Richtung Aansebuerg: Nësserten, Äppel- a Bierebeem
  • Tënten:
    • Bour Richtung Tënten laanscht de Feldwee bei d’Antenn: Nësserten
    • Tënten Richtung Huelmes, laanscht de Gemengendépôt sti 6 Bierebeem
  •  Genau Detailer op: http://g-o.lu/3/uEfL

Charte de bonne conduite

Halt Iech beim Plécke wgl. un déi heite Reegelen:

  • Nëmme Friichte vun engem Bam dee mat engem giele Band markéiert ass, däerfe gepléckt ginn.
  • Et ass verbueden, op de Bam ze klammen oder eng Leeder ze benotzen.
  • De Bam däerf net beschiedegt ginn.
  • D’Friichte si fir de private Gebrauch geduecht.
  • Huelt nëmme souvill Friichte mat, wéi Dir braucht.
  • Hannerloosst d’Natur sou, wéi der se fonnt hutt.
  • Blockéiert keng Zoufaarten.
  • D’Plécke fält ënnert Är eege Responsabilitéit.

Des articles de la même catégorie

Journée de la commémoration nationale

Journée de la commémoration nationale

De Schäffen- a Gemengerot invitéiert all Matbierger vun der Gemeng Helperknapp fir un de Feierlechkeete vum Nationale Kommemoratiounsdag deelzehuelen.

Sonndes, de 9. Oktober 2022 um 10:30 Auer zu Bruch an der Kierch

read more
Aktioun Grouss Botz – 8. Oktober 2022

Aktioun Grouss Botz – 8. Oktober 2022

AKTIOUN „GROUSS BOTZ“ e Samschdeg, den 8. Oktober 2022
Rendez-vous um 9 Auer op follgende Plazen:
– Schoulhal zu Tënten
– Koll zu Brouch
– Spillplaz zu Bëschdref
– Centre Culturel “am Lëtschert” zu Béiwen
Duerno stäerke mir eis zu Brouch “an der Koll” mat Gegrills.

read more