Assembleé Générale – Téintener Wiselen

Mir bieden Iech frëndlechst un eiser

21ter Generalversammlung

deelzehuelen, déi Dënschdes, de 25. Januar 2022 um 20 Auer am Koschteschbau ofgehale gëtt. Umelle musst Dir Iech bis spéitstens Méindes de 24 Januar 2022 beim Anny Glodt-Schnorbus um Tel: 23 63 90 49 oder GSM: 621 19 55 66.

Dagesuerdnung:

  • Usproch vun der Presidentin
  • Tätegkeetsbericht
  • Keessebericht
  • Bericht vun de Keessepréiwer
  • Wiel vun de Keessepréiwer
  • Deelwahl vum Komitee
    • Austriedend an ëremwielbar:
      • Bill Joseph
      • Anny Glodt-Schnorbus
      • Marcel Glodt
  • Organisatioun Fëschiessen Äschermëttwoch
  • Verschiddenes a fräi Aussprooch

No der Generalversammlung gëtt et e Pättchen ze drénken.

Kandidaten, déi sech fir e Mandat am Komitee wëlle bewerben, kënnen hir Demande bis Méindes, de 24. Januar 2022 un de Sekretär Pierre Espen riichten.

Dës Manifestatioun gëtt organiséiert ënnert dem Regime CovidCheck 2G+. Zousätzlech biede mir Iech, doheem e Schnelltest ze maachen ier Dir an d’Versammlung kommt.

Invitatioun

Date

25 janvier 2022
Expiré!

Heure

20:00 - 23:00

Lieu

Koschteschbau | Tuntange
1 Rue de l'Église, L-7481 Tuntange

Centre polyvalent Koschteschbau

Téintener Wiselen

Organisateur

Téintener Wiselen
QR Code
Aller au contenu principal