Information archivée
Date de publication: 21 March, 2021

Eng séiss Spend fir „Stëmm vun der Strooss“

21 Mar 2021 | Archive

Gidd Dir och no all deene Feierdeeg dene ville Séissigkeeten net méi meeschter ?

Héi zu Lëtzebuerg gëtt och vill Leit, deenen et net esou gutt geet, an déi sech iwer e puer Schneekegkeete freeë géifen, fir hinnen och eng Freed ze maachen. Esou stong et um Flyer, den d’Elterevereenegung aus der Gemeng Helperknapp dest Joer zur Spendenaktioun opgeruff hat, an och trotz Corona e vollen Erfolleg war.

Den 11. an 12. März stungen an all Schoulgebäi vun der Gemeng Helperknapp eng grouss Këscht, wou d’Schoulkanner hir Séissegkeeten, déi si zevill haaten, konnten do dra leeën. Deser Deeg war et dann esou wäit, wou di gesammelt Saachen beim Festsall an der Koll zu Brouch vun der lokaler Elterevereenegung mat hirem President Luc Scholtes un den Här Marc Balthasar, Vertrieder vun der Vereenegung „Stëmm vun der Strooss“ konnten iwerreecht gin. Mat engem grousse Merci fir di konstruktiv Bereetschaft  vun alle Kanner an Zesummenarbecht mat der Elterevereenegung, der Gemeng mam Schoulpersonal huet den Marc Balthasar dess bedeitend Spend a Form vu sechs gefëllte Këschten, Séissegkeeten entgéintgeholl an duerno d’Aktivitéiten vun der „ Stëmm vun der Strooss“ kurz virgestallt, déi sech haaptsächlich drëm bemeiht, dene Leit, denen et nit esou gutt geet, ze ënnerstëtzen an hinnen och eng kleng Freed ze maachen.

www.stemm.lu

© (FOTO: CHAREL REISER)

Share to: [social_warfare]

Des articles de la même catégorie

Coupure d’eau – Fuite à Buschdorf

Coupure d’eau – Fuite à Buschdorf

Le service technique communal informe que la distribution d’eau sera coupée à partir de 11:00 heures (8 mars 2023) jusqu’à la fin des travaux dans la localité de Buschdorf suite a une fuite importante dans le réseau de distribution d’eau potable. 

read more
Lignes 901, 902, 903 et 911

Lignes 901, 902, 903 et 911

Lignes 901, 902, 903 et 911

En raison de travaux routiers, la N.12 entre Dondelange et le croisement C.R.105/N.12 sera barrée à toute circulation

du lundi 13 février 2023 au vendredi 17 février 2023, chaque jour entre 9h00 et 16h00.

read more