Ze gutt fir futti goen ze loossen, dofir: Zerwéiert Iech!
Aktioun „Gielt Band“ vum Landwirtschaftsministère an dem Syvicol
D’Uebst schmaacht am beschten, wann een et selwer gepléckt huet. Mee dat däerf ee just a sengem eegene Bongert. All Joer verfaulen awer kiloweis Äppel, Bieren, Quetschen etc. op an ënnert de Beem an de Wisen a Gäert. Dat si verbëtzte Liewensmëttel. Doraus kéint een och Viz pressen, Gebeess oder Kompott kachen, domat baken a nach villes méi.
Mat der Aktioun „Gielt Band“ ruffen de Landwirtschaftsministère an de Syvicol d’Biergerinnen an d’Bierger dozou op, sech op eng flott a nohalteg Manéier géint d’Liewensmëttelverschwendung ze engagéieren. D’Gemeng Helperknapp mécht déi bei der Aktioun mat, an huet déi entspriechend Bongerte wou duerf gepléckt gi mat Schëlder markéiert. Jiddereen dee well däerf da gratis, fir den eegene Gebrauch, Uebst vun deene Beem plécken an dat wat ënnendrënner leit rafen.
Ënnert follgendem Link fannt Dir d’Beem aus der Gemeng Helperknapp déi a fro kommen: http://g-o.lu/3/uEfL
- Béiwen:
- Vëlospist Richtung Biissen um Bëschrand, stinn e puer Äppelbeem.
- Bëschdref: 2 Bongerte vum Paul Mangen:
- Strooss aus Bëschdref eraus a Richtung Useldeng, éischt Strooss lenks eran. Nom Haff an der Kéier sti Beem an engem Feld, nëmmen accessibel wann keng Kéi an der Wiss sinn.
- D’Strooss bis zum Schluss weider fueren. Do stinn och Beem an engem Feld.
- Brouch:
- hannert dem Campus Helperknapp: nëmmen ausserhalb vun de Schoulzäiten accessibel – 30 Beem
- hannert der aler Schoul – 14 Beem (Appel, Ness, Quetschen)
- Huelmes:
- Bongert vun Natur an Ëmwelt zu Huelmes: Do sti vill verschidde Beem, vu villen Zorten.
- Bongert bei der aler Schoul: Nëssert, Hieselnëss, Quetschen an Äppelbam
- Beem beim Kierfecht zu Huelmes Richtung Aansebuerg: Nësserten, Äppel- a Bierebeem
- Tënten:
- Bour Richtung Tënten laanscht de Feldwee bei d’Antenn: Nësserten
- Tënten Richtung Huelmes, laanscht de Gemengendépôt sti 6 Bierebeem
-
Genau Detailer op: http://g-o.lu/3/uEfL
Charte fir Leit, déi Uebst plécke wëllen:
- An de Bongert wou dëst Schëld hängt, däerf och Uebst vun deene Beem gepléckt ginn, un deene kee gielt Band hänkt.
- Et ass verbueden, op de Bam ze klammen oder eng Leeder ze benotzen.
- De Bam däerf net beschiedegt ginn.
- D’Uebst ass fir de Privatgebrauch bestëmmt.
- Pléckt nëmmen déi Quantitéit un Uebst, déi Dir braucht.
- Hannerloosst d’Natur an deem selwechten Zoustand, an deem Dir se virfonnt hutt.
- Blockéiert keng Zoufaarten.
- Dir pléckt op Är eege Verantwortung.
L’action «Gielt Band»: Ici, la cueillette est autorisée.
Les kilos de fruits mûrs qui chaque année pourrissent sous les arbres dans les vergers, les jardins et sur les places publiques, c’est tout simplement du gaspillage. Le remède est facile: ramasser et cueillir ces pommes, poires, prunes etc. et en faire une compote ou de la confiture, en presser le jus ou faire une tarte.
L’action «Gielt Band» que le ministère de l’Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural a lancée en collaboration avec le Syndicat des villes et communes luxembourgeoises (Syvicol).
Des affiches ont été installées auprès des vergers concernés et chacun peut, sans consultation préalable avec le propriétaire et de manière gratuite, faire la cueillette des fruits pour son usage personnel – en respectant la charte de comportement. De cette façon, on agit activement contre le gaspillage alimentaire et on apprend à valoriser les aliments. De plus, la transformation et la conservation des fruits sont une occasion pour garder en vie nos traditions et notre savoir-faire.
Retrouvez sur le lien suivant les vergers en question de la commune Helperknapp: http://g-o.lu/3/uEfL
- Boevange:
- Sur la piste cyclable en direction de Biissen, sur le bord de la forêt il y a des pommiers.
- Buschdorf: 2 vergers de M. Paul Mangen:
- Sur la route de Buschdorf en direction d’Useldange, première à gauche. Après la ferme dans un virage il y a des arbres dans un champ. ATTENTION: uniquement accessible si pas de vaches dans le champ.
- Continuer sur la route, un peu plus bas il y a encore des arbres dans un champ.
- Brouch:
- derrière le Campus Helperknapp: uniquement accessible en dehors des heures scolaires – 30 arbres
- derrière l’ancienne école – 14 arbres (pommes, noix et prunes)
- Hollenfels:
- Verger de Natur an Ëmwelt: divers arbres fruitiers.
- Vergers auprès de l’ancienne école: Noix, prunes, pommes et noisettes
- Arbres près du cimetière en direction d’Ansembourg: noix, pommes et poires
- Tuntange:
- Bour direction de Tuntange le long du chemin rural près de l’antenne: noix
- Tuntange direction de Hollenfels à côté de l’entrepôt “Sayerhéicht”: poires
-
Tous les détails sur: http://g-o.lu/3/uEfL
Charte « Gielt Band » à destination des cueilleurs :
- Dans ce verger, les fruits des arbres qui ne sont pas marqués à l’aide d’un ruban jaune peuvent aussi être cueillis.
- Il est interdit de grimper sur l’arbre ou d’utiliser une échelle.
- L’arbre ne doit pas être endommagé.
- Les fruits sont destinés à l’usage privé.
- N’emportez que la quantité de fruits dont vous avez besoin.
- Laissez la nature dans le même état que vous l’avez trouvée.
- Ne bloquez pas les voies d’accès.
- La cueillette se fait sous votre propre responsabilité