SICONA – Wibbelesch Matbewunner
Wibbelesch Matbewunner – Wee lieft nach esou mat eis an den Dierfer?
Wann Dir wësse wëllt, wéi eng Déierenaarte mat eis an Duerf a Stad liewen, da kommt mat op eise klenge Spadséiergank zu Tënten! Oft wunne se souguer mat eis ënnert engem Daach, ouni dass mir et mierken. Op eisem Tour gi mir op d’Sich no Schmuebelen, Leeëndecker, a Fliedermais an kucken eis de Schmuewelstuerm méi genau un.
Aus verschiddene Grënn kréien eis Matbewunner et ëmmer méi schwéier, gëeegent Nistplazen ze fannen. Dofir stelle mir Iech verschidde Moossname vir, déi ee kann ënnerhuelen, fir dës eenheemesch Aarten ze ënnerstëtzen an hiert Iwwerliewen ze sécheren.
Den Tour dauert ca. 1 Stonn an d’Erklärungen sinn op Lëtzebuergesch.
Umeldung: 📨 administration@sicona.lu / 📞 26 30 36 25