Assemblée Générale – Bricher Suebelmouken
INVITATIOUN
De Club de Jeunes „Bricher Suebelmouken asbl“ invitéiert Iech ganz häerzlech op seng Generalversammlung.
Hei e puer wichteg Informatiounen zu dëser Versammlung:
Datum: Samschdes, den 29. Januar 2022
Wou: an der Koll zu Brouch
Wéini: um 17h30
Wichteg: Eis Generalversammlung leeft ënner 2G+. Zousätzlech hu mir decidéiert, dass jiddereen ee Schnelltest sur place maachen muss. Déi Tester gi vun eis zur Verfügung gestallt.
Programm:
- • Kuerz Usprooch vum Präsident
- Aktivitéitsrapport vum Sekretär vun 2021 a Programm fir 2022
- Keesserapport vum Keessier
- Entlaaschtung vum Keessier duerch d’Keesserevisoren
- Festleeë vun de Cotisatioune fir d’Memberskaarten 2022
- Neiwahl vun de Keesserevisoren
- Opléisung an Neiwahl vum Comité
- Verschiddenes
- fräi Aussprooch
- Ausdeele vun de Memberskaarten 2022
Iessen: No der Generalversammlung hu mir dann eist traditionellt Ofschlossiesse beim „Bausch“ zu Brouch.
D’Umeldunge kënnt dir bis spéitstens Freides, den 21. Januar 2022 an d’Boîte vun de Suebelmouken beim Pompjeesbau zu Brouch ageheien oder schécken.
(Adress: 10B, rue du Village L-7416 Brouch/Mersch)