De Pechert on tour, ab Januar 2024 och bei eis an der Gemeng !
Dir wäert se sécherlech an deenen nächste Wochen ëmmer méi gesinn: D’Agente vum interkommunale Proximitéitsdéngscht maachen sech mat eisem Terrain vertraut.
Ab Januar sinn si offiziell bei eis an der Gemeng Helperknapp aktiv.
Nodeems d’Gemenge Miersch, Lëntgen, Fëschbech an d’Fiels gutt Erfarunge gemaach hunn, hunn och mir eis zesumme mat Luerenzweiler dësem interkommunale Projet ugeschloss.
D’Agente wäerten ënner anerem um ganzen Territoire vun der Gemeng, a virun allem, beim Campus, fir e bëssen Uerdnung suergen.
Beim (Falsch)Parken awer och bei eisem Policereglement sinn si dofir zoustänneg d’Leit un d’Reegelen ze erënneren a wann et mat informéieren eleng net duer geet een ze “pechen”.
Doriwwer eraus kënnen si d’Fëschereischäiner kontrolléieren an hu Befugnisser am Hondsgesetz.
Fannt weider Informatiounen hei: https://helperknapp.lu/?p=30207
Dir hutt Froen oder braucht Hëllef: Dir kënnt si gären ënnert der Nummer 325023-279 oder ënnert der E-mail agent@mersch.lu kontaktéieren.
« De Pechert on tour », dès janvier 2024 également dans notre commune!
Vous allez certainement les apercevoir ces prochaines semaines : les agents du service intercommunal de proximité se familiariseront avec le territoire de notre commune.
A partir du 1er janvier 2024, ils seront officiellement actifs dans la commune Helperknapp.
Après des retours très positifs de la part des communes de Mersch, Lintgen, Fischbach et de Larochette, nous avons également décidé de rejoindre ce projet intercommunal ensemble avec la commune de Lorentzweiler.
Les agents assureront entre autre, que l’ordre public règne sur tout le territoire de la commune et notamment sur le Campus.
Qu’il s’agisse de stationnements (inappropriés), mais aussi de respecter notre règlement de police, ils auront la responsabilité de rappeler les règles et, si cela ne suffit pas, de dresser des contraventions.
De plus, ils peuvent vérifier les permis de pêche et disposent de pouvoirs en matière de règlement relatifs aux chiens.
Retrouvez toutes les informations sur : https://helperknapp.lu/?p=30207
Vous avez des questions ou besoin d’aide, alors adressez-vous au numéro 325023-279 où envoyez un courriel à agent@mersch.lu.