AKTIOUN „GIELT BAND“

AKTIOUN „GIELT BAND“

Ze gutt fir futti goen ze loossen, dofir: Zerwéiert Iech!

Aktioun „Gielt Band“ vum Landwirtschaftsministère an dem Syvicol

D’Uebst schmaacht am beschten, wann een et selwer gepléckt huet. Mee dat däerf ee just a sengem eegene Bongert. All Joer verfaulen awer kiloweis Äppel, Bieren, Quetschen etc. op an ënnert de Beem an de Wisen a Gäert. Dat si verbëtzte Liewensmëttel. Doraus kéint een och Viz pressen, Gebeess oder Kompott kachen, domat baken a nach villes méi.

Mat der Aktioun „Gielt Band“ ruffen de Landwirtschaftsministère an de Syvicol d’Biergerinnen an d’Bierger dozou op, sech op eng flott a nohalteg Manéier géint d’Liewensmëttelverschwendung ze engagéieren. D’Gemengen déi bei der Aktioun matmaachen, markéieren déi entspriechend Uebstbeem mat engem giele Band. Jiddereen dee well däerf da gratis, fir den eegene Gebrauch, Uebst vun deene Beem plécken an dat wat ënnendrënner leit rafen.

Ënnert follgendem Link fann dir d’Beem aus der Gemeng Helperknapp déi a fro kommen: http://g-o.lu/3/uEfL

  • Béiwen:
    • Vëlospist Richtung Biissen um Bëschrand, stinn e puer Äppelbeem.
  • Bëschdref: 2 Bongerte vum Paul Mangen:
    1. Strooss aus Bëschdref eraus a Richtung Useldeng, éischt Strooss lenks eran. Nom Haff an der Kéier sti Beem an engem Feld, nëmmen accessibel wann keng Kéi an der Wiss sinn.
    2. D’Strooss bis zum Schluss weider fueren. Do stinn och Beem an engem Feld.
  • Brouch:
    • hannert dem neie Campus Helperknapp: nëmmen ausserhalb vun de Schoulzäiten accessibel
  • Huelmes:
    • Bongert vun Natur an Ëmwelt zu Huelmes: Do sti vill verschidde Beem, vu villen Zorten.
    • Beem beim Kierfecht zu Huelmes Richtung Aansebuerg: Nësserten, Äppel- a Bierebeem
  • Tënten:
    • Bour Richtung Tënten laanscht de Feldwee bei d’Antenn: Nësserten
    • Tënten Richtung Huelmes, laanscht de Gemengendépôt sti 6 Bierebeem
  •  Genau Detailer op: http://g-o.lu/3/uEfL

Charte de bonne conduite

Halt Iech beim Plécke wgl. un déi heite Reegelen:

  • Nëmme Friichte vun engem Bam dee mat engem giele Band markéiert ass, däerfe gepléckt ginn.
  • Et ass verbueden, op de Bam ze klammen oder eng Leeder ze benotzen.
  • De Bam däerf net beschiedegt ginn.
  • D’Friichte si fir de private Gebrauch geduecht.
  • Huelt nëmme souvill Friichte mat, wéi Dir braucht.
  • Hannerloosst d’Natur sou, wéi der se fonnt hutt.
  • Blockéiert keng Zoufaarten.
  • D’Plécke fält ënnert Är eege Responsabilitéit.
La Crèche “à Dicksen” change de numéros de téléphone à partir du 19/08/22

La Crèche “à Dicksen” change de numéros de téléphone à partir du 19/08/22

A partir du 19.08.2022 les numéros de téléphone de la crèche à Dicksen changeront comme suit :

  • Bureau passe du 28 80 40 -700 au 28 80 40 – 500
  • Groupe 1 passe du 28 80 40 -701 au 28 80 40 –501
  • Groupe 2 passe du 28 80 40 – 702 au 28 80 40 –502
  • Groupe 3 passe du 28 80 40 – 703 au 28 80 40 –503
  • Groupe 4 passe du 28 80 40 -704 au 28 80 40 – 504

Ab dem 19.08.2022 änneren Telefonsnummere vun der Crèche à Dicksen follgendermoossen:

  • Büro ännert vum 28 80 40 -700 op den 28 80 40 – 500
  • Grupp 1 ännert vum 28 80 40 – 701 op den 28 80 40 – 501
  • Grupp 2 ännert vum 28 80 40 – 702 op den 28 80 40 – 502
  • Grupp 3 ännert vum 28 80 40 – 703 op den 28 80 40 – 503
  • Grupp 4 ännert vum 28 80 40 – 704 op den 28 80 40 – 504