D’Gemeng Helperknapp freet sech iech matzedeelen datt si den 22. Abrëll 2023 ee vun den Télévie Zenteren wäert sinn, an zwar den eenzegen an der ganzer Regioun.
Schreift iech dësen Dag elo scho grouss an äre Kalenner well den Télévie ka just ee Succès gi wa mir op är Ënnerstëtzung ziele kënnen, am Interessi vun der Kriibsfuerschung zu Lëtzebuerg.
Eng Informatiounsversammlung ass en Méindeg, 12. Dezember 2022 um 19:00 Auer an der Koll zu Bruch mam Diane Wunsch, Coordinatrice vum Télévie geplangt.
Et wier schéin Iech do begréissen ze kënnen, fir datt mir zesummen e flotte Programm opstellen. Ween also eng Idee huet fir eng flott Aktioun, soll se deen Owend roueg matbréngen.
Umellen kënnt Dir Iech iwwer E-mail un televie@helperknapp.lu oder iwwer Telefon um 28 80 40 – 216
Falls Dir op iergendeng Aart a Weis den Télévie ënnerstëtzen wëllt oder weiderhin informéiert wëllt ginn, mëllt Iech um televie@helperknapp.lu un oder bleift iwwert de Facebook @TelevieHelperknapp um lafenden.
Gitt der Hoffnung eng Chance a maacht elo schonn ären Don:
BCEELULL LU63 0019 7255 1111 5000
L’administration communale Helperknapp est heureuse de vous annoncer qu’elle sera l’un des « Centres de Promesses du Télévie », le 22 avril 2023 ! Nous serons le seul centre de la région.
Bloquez-vous déjà la date dans vos calendriers car le Télévie ne peut être un succès qu’avec votre soutient. Engageons-nous pour la bonne cause dans le but de collecter des fonds dédiés entièrement à la recherche contre le cancer.
Une réunion d’information sera organisée le lundi, 12 décembre 2022 à 19.00 heures au Centre culturel “an der Koll” à Brouch, en présence de Diane Wunsch, Coordinatrice Télévie.
Nous serions heureux de vous y accueillir nombreux avec vos propositions d’actions pour soutenir la collecte de fonds.
Si vous souhaitez contribuer de quelque manière que ce soit, ou simplement rester informer, inscrivez-vous via televie@helperknapp.lu ou suivez nous sur Facebook @TelevieHelperknapp.
Gitt der Hoffnung eng Chance a maacht elo schonn ären Don:
BCEELULL LU63 0019 7255 1111 5000
#TelevieHelperknapp #gittderHoffnungengChance #HelperknappzesummefirdeguddenZweck