Liichtmëssdag @Home

2 Feb 2021 | Avis au public

Léif Kanner, léif Elteren,

Op dësem Wee wëlle mir Iech matdeelen, dass Liichtmëssdag dëst Joer net ënnert der traditionneller Form oflafen kann.

Dofir wollte mir als Eltervereenegung een Opruff starten, dass d’Kanner sech alleguer owes um 18:00 mat hirem Liichtebengelchen virun d’Dier stellen a sange sollen. Gären kennt Dir eis heivunner ee Video zoukomme loossen (liichtmessdag2021@evhelperknapp.lu). Ënnert all den Video-en maache mir een Tirage au sort a verschenken uschléissend 3 Nascheltuten.

Fir all de Schoulkanner aus der Gemeng Helperknapp d’Liewen awer bëssi ze verséissen, kritt all Kand den 2. Februar an der Schoul eng Tablett Fairtrade Schokela aus den Ateliers du Tricentenaire vu Biissen.

Mir soe Merci fir d’Matmaachen.

De Comité vun der Elterevereenegung Helperknapp

Flyer – Liichtmëssdag 2021

Share to:

Des articles de la même catégorie

SIDERO – Vacance de poste

SIDERO – Vacance de poste

Syndicat intercommunal de dépollution des eaux résiduaires de l'ouest Im Rahmen der Ausweitung ihrer Aktivitäten stellt der Abwasserverband SIDERO einen industriellen IT-Spezialisten in Vollzeit und mit einem unbefristeten Vertrag (CDI) ein: Industrieinformatiker...

read more